D'Uertschaft läit op enger Héicht vun 323 Meter iwwer dem Mieresspigel (gemooss bei der Kierch). Héchste Punkt vum Gebitt vum Duerf ass de Lieu-dit „Scheierheck“ mat 368 Meter, den nidderegste Punkt ass op der Strooss Nouspelt-Dondel op 283 Meter iwwer dem Mieresspigel.
Nouspelt ass och un Dondel, un d'Industriezon Kielen an u Giewel ugebonnen.
Op Nouspelter Gebitt leien d'Quelle vun der Uesbech, déi zu Dondel an d'Dondeler Baach leeft.
Nouspelt ass bekannt fir säi kallekhaltege Leembuedem, deen d'Entwécklung vun der Industrie vun den Aulebäcker begënschtegt huet. Nouspelt ass haut en Duerf mat residentiellem a ländlechem Charakter. D'ekonomesch Aktivitéiten am Duerf bestinn an der Haaptsaach aus lokale landwirtschaftleche Betriber.
Den éischten Aulebäcker zu Nouspelt ass 1458 dokumentéiert. Um Ufank vum 19. Joerhonnert gouf et 17 Aulebäckerbetriber zu Nouspelt, déi aus dem Duerf ee vun den Zentre fir d'Produktioun vun der Keramik zu Lëtzebuerg gemaach hunn. Am 20. Joerhonnert ass dëse Wirtschaftszweig awer ausgestuerwen; 1914 huet den Aulebäcker Nicolas Schneider (1868-1941) opgehalen, wat d'Enn vun der industrieller Produktioun vu Keramik zu Nouspelt bedeit huet. Duerch d'Eemaischen an d'Beméiunge vu Veräiner gëtt d'Traditioun awer waakreg gehalen, an all Joer bidden Aulebäcker op Ouschterméindeg, dem Dag op deem d'Aulebäcker d'Fest vun hirer Confrerie feieren, zu Nouspelt hir Wueren op der Eemaischen un, dorënner och de bekannten Nouspelter Péckvillchen.
D'Kierch am Zentrum vun Nouspelt ass 1852 op der Plaz vun der aler Kapell vum hellegen Thomas am Stil vum Empire gebaut ginn. Nëmmen d'Pietà um Altor gouf vun der Kapell iwwerholl. 1986 gouf d'Kierch renovéiert. D'Kierch ass d'Zentralkierch vun der Par Nouspelt, déi dem dem Parverband Mamerdall ugeschloss ass.
Nouspelt huet en Duerfléierpad duerch a ronderëm d'Duerf, op deem Visiteuren mat Panneauen eppes iwwer den natierlechen, kulturellen an historeschen Hannergrond vum Duerf gewuer ginn.
↑D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.