Dësen Artikel beschäftegt sech mat der lëtzebuergescher Gemeng am Kanton Klierf. Fir déi däitsch Stad an der Verbandsgemeng Saarburg, kuckt wgl. Wëncher.
Am Nord-Weste vum Éislek op engem Plateau tëscht 450 a 523 m am Kanton Klierf läit d'Gemeng Wëntger mat 27 Dierfer. Mat enger Fläch vun 113,68 km², ass se flächeméisseg déi gréisst Gemeng am Grand-Duché. D'Gemeng grenzt am Norden un Ëlwen, am Nord-Osten u Wäiswampech, am Osten u Klierf am Süden u Wanseler a Wolz an am Westen un d'Belsch.
D'Gemeng Wëntger ass den 1. Januar 1978 aus der Fusioun vun de Gemengen Aasselbuer, Béigen, Helzen an Uewerwampech entstanen[2]. Déi éischt 3 vun dëse Gemenge louchen am Klierfer Kanton, Uewerwampech huet zum Wëlzer Kanton gehéiert; déi nei Fusiounsgemeng gehéiert zum Kanton Klierf.
Bei där Fusioun, goufe 7 ha 88 a aus der Sektioun B vun Aasselbuer bei d'Gemeng Ëlwen geprafft.
D'Uertschaft Wëntger huet virun der Fusioun zur Gemeng Béigen gehéiert.
Odonymie
De 25. Februar 2019 kruten d'Stroossen an allen Dierfer vun der Gemeng Wëntger, als lescht am Land, offiziell Odonymmen. Virdrun hat all Haus nëmmen eng Nummer[3]. D'Nimm vun de Stroosse sinn all op Lëtzebuergesch an et gouf op déi lokal Aussprooch opgepasst. Sou heescht z. B. d'Haaptstrooss zu Kréindel an Hannerhaassel „Duarrefstrooss“ iwwerdeems et zu Helzen an Houfelt „Duärrefstrooss“ ass[4].
d'or à la colonne à perron surmontée d'une globe sommé d'une croix, le tout de sable, au chef de gueules au cor contourné d'or accosté de deux fleurs de lis d'argent D.C.30. Juli1982 - A.M.23. August1982 - Mémorial B 1982, Säit 840 - Projet: Jean-Claude Loutsch 1982
↑D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.