Viru geet et da laanscht Schweebech a Rippweiler, wou d'N12 d'N24 kräizt. An der nächster Uertschaft Räichel kräizt se sech mat der N22 an der N23. Duerno geet hire Verlaf duerch de Préizerdaul bis op Groussbus, wou se sech mat der N21 kräizt.
E puer Kilometer hanner Eschduerf kräizt se sech mat der N15. Weider geet hiren Tracé duerch den Heischtergronn iwwer d'Sauer a kräizt kuerz drop d'N27.
D'N12 geet weider nërdlech duerch Bidscht bis op Wolz, wou se sech mat der N25 an N26 kräizt. Se geet dann duerch Déierbech virun a kräizt sech, e puer Kilometer hannendrun, mat der N20.
Op ronn 500 m. leeft d'N22 zu Räichel iwwer d'Streck vun der N12;
vum Heischtergronn bis op Bidscht – op ca. 5,6 km – leeft d'N15 parallel iwwer d'N12;
d'N27 déi vun der Toodlermillen kënnt an am Heischtergronn op d'N12 stéisst, leeft och ronn 500 m. iwwer d'N12, ier se an den Tunnel fir op Esch-Sauer ofbéit.
Entwécklung vun der N12
An den 1970er Jore sinn eng Rei Kéieren tëscht Eschduerf a Bidscht an och nërdlech vun Ëlwen ugepasst ginn. Ronn zéng Joer duerno ass d'N12 zu Ëlwen iwwer déi nei Eisebunnsbréck geluecht ginn an d'Kéiere bei der Maison Legay goufen ugepasst.
An den 90er Jore sinn dunn och nach e puer Kéieren tëscht Ierpeldeng an der Déierbech reamenagéiert ginn.
Mat der Ëmklasséierung vun Deeler vum staatleche Stroossereseau koum et 1995 zu enger Rei Ännerunge wat d'N12 ugeet[1]:
e fréieren Tronçon am Ausgang vun Ëlwen gouf als Gemengestrooss deklasséiert;
d'Place des Martyrs nieft der N12 zu Wolz ass an d'Kompetenz vun der Stad Wolz gefall.
2021 oder duerno
Nodeems d'Tramsstatioun op der Stäreplaz gebaut gouf, sinn déi 230 éischt Meteren net méi fir den Duerchgangsverkéier op an deen Deel vun der N12 (Rue de Rollingergrund) soll deemno als Gemengestrooss deklasséiert ginn, iwwerdeems d'Verbindung vun der N6 erfort bis bei d'N12 (87 m.) derbäi geschloe gëtt[2].