Nationalstrooss 56

Nationalstrooss 56
D'N56 (Hollerecher Strooss) a Richtung Weste gekuckt
Rue de Hollerich
Land Lëtzebuerg
Gestioun Administration des ponts et chaussées
Ufank Nationalstrooss 3
Enn Nationalstrooss 4
Duerch Lëtzebuerg
Vitesslimitatioun 50 km/h
Informatiounen a Websäiten
P & Ch Beschreiwung vum Stroossennetz
Fandom Nationalstrooss 56
Laf an Uschlëss
Lëtzebuerg N 3 Garer Plaz
N 4 Escher Strooss
N 56B
Péitruss
N 56C
N 56D
A 4 N 56A
CR 230 Rue de Merl

D'Nationalstrooss 56 oder N56 ass eng Nationalstrooss um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg.

Se geet op der Garer Plaz am Garer Quartier vun der N3 aus fort Richtung Westen a féiert bis bei d'Hollerecher Kierch wou s'op d'N4 stéisst. Vun der Rue de la Fonderie u gehéiert se zum Quartier Hollerech.

Vun Hollerech aus a Richtung Gare leeft s'am Sens unique bis op d'Merkelsplaz. De Verkéier, dee vun der Gare kënnt gëtt no riets ofgeleet, op d'N56A.

D'N56 ass 1 km laang an heescht op der ganzer Längt „Hollerecher Strooss“.

Entwécklung vun der N56

D'Strooss ass nach net als Nationalstrooss klasséiert, huet awer schonn d'Schëld vun der N56 (Januar 2021)

Et ass geplangt der Strooss, déi vun der Hollerecher Kierch aus bis bei de Rond-point Märel um Ufank vun der A4 leeft an haut nach keng offiziell Nummer huet, de Statut vun der Nationalstrooss ze ginn an deemno de Laf vun der N56 ëm 1.014 m. ze verlängeren[1].


Um Spaweck

Commons: Nationalstrooss 56 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. (fr)Projet de loi 7423 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. chd.lu (19.03.2019). Gekuckt de(n) 06.01.2021.