Äisch

Äisch
D'Äisch tëscht der Léisbech an der Simmerschmelz
An anere Sproochen fr: Eisch
de: Eisch
Längt 49,6
Fläch vum Baseng 172 km²
Konfluenz
Leeft an Uelzecht
Geographie
Land Lëtzebuerg
D'Äisch op "Dräi Brécken" bei Äischen
… an zu Habscht

D'Äisch ass eng belsch-lëtzebuergesch Baach, déi hir Quell zu Féngeg[1],[2],[3] huet. Anere Quellen no entspréngt se zu Séilen[4] an der Belsch, no bei der lëtzebuergescher Grenz.

Laf

No ongeféier 1800 m an der Belsch leeft hanner Kënzeg, tëscht de Grenzmaarken LB 057 an LB 058, eng Baach mat der Millebaach zesummen. Vun do un huet d'Äisch hiren offiziellen Numm a si mécht d'Grenz bis bei d'Gossemaark LB 061, wou se ganz op lëtzebuergeschem Gebitt weiderleeft. E puer honnert Meter viru Grass leeft lénks d'Grendelbaach dran. Si leeft da weider laanscht Koler, hei gëtt se riets vun der Eiselbaach gefiddert, éier se an d'Stengeforter Gemeng kënnt. Bei Hoen leeft lénks d'Kolerbaach dran, si dréint no Westen fir bei der Grenzmaark LB 082 erëm op déi belsch-lëtzebuergesch Grenz ze stoussen, vu wou un se erëm d'Grenz mécht bis bei d'Maark LB 086.

Si leeft duerno duerch Äischen. Hei kritt se op der lénkser Säit d'Bech an d'Millebaach bei. Bei der Kempemillen just virun Habscht kënnt vu lénks d'Haardebaach dobäi. Hanner Habscht gëtt den Dall méi enk a si leeft weider a Richtung Simmer. Knapp 700m virun der Fockemille leeft vu reits d'Gieweler Baach dran. Tëscht Simmer a Rued leeft nach lénks Léisbech dran, zu Rued selwer ass et lénks d'Mëlleschbaach, gläich duerno d'Dondeler Baach (riets) zu Aansebuerg ass et d'Holertsbaach déi lénks draleeft a bei Huelmes d'Kalbaach (lénks). Da leeft se weider no Nord-Osten op Miersch do kënnt nach lénks d'Reckenerbaach dran an da leeft se selwer do, hanner dem Centre Marisca, an d'Uelzecht.

Den Héichtenënnerscheed vun der Quell bis op d'Mëndung ass 160 m. D'Äisch zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn[5].

Nieweflëss vun der Äisch

Uertschafte laanscht d'Äisch

Millen an aner Installatiounen op der Äisch

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Äisch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Recueil de statistiques par commune 2003 Archivéiert de(n) 10.06.2007. Gekuckt de(n) 21.05.2008.
  2. Op der Kartographie vun der Waasserverwaltung huet se hiren Ufank zu Kënzeg bei der Schockmillen, um Zesummelaf vun der Millebaach mat der Méinschbaach bei der Gossemaark LB 053.
  3. Op der topographescher Kaart vun 1907 an 1927 ass hiren Ufank zu Féngeg agedroen. Deen ieweschte Laf fënnt ee méi spéit als Falterbaach op de Kaarten erëm.
  4. Luxemburger Lexikon Säit 101
  5. www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie