D'Gemeng Bauschelt ass eng vun den 100 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Wolz. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Bauschelt vun där se och hiren Numm huet.
Geographie
An der Bauschelter Gemeng läit dee westlechste Punkt vum Land bei der Gossemaark LB183, westlech vu Sir, am Saak genannte Bësch[1].
Koordinate vum westlechste Punkt: 49° 53’ 48.8’’ N 5° 44’ 08.5’’ O
Uertschaften an der Gemeng[2]
Ausserdeem gehéieren nach zu der Gemeng Bauschelt follgend Lieu-diten:
Geschicht
Wopen
|
Coupé de sinople à trois chausse-trappes d'or mises en fasce et d'azur à une rose d'or feuillée de sinople, à une divise ondée d'argent brochant sur la partition. D.C. 17. Juli 1986 - A.M. 3. Februar 187 - Mémorial B 1987, Säit 394 - Projet: Marcel Lenertz 1986 De gréngen Email an déi gëlle Kréieféiss kommen aus dem Wope vun den Häre vu Lossich deene Surré an d'Meierei Bauschelt gehéiert huet. De bloen Email an déi gëlle Rous komme vum Wope vun der Areler Schäffefamill Busleyden déi vu Bauschelt koumen. De gewellte sëlwer Email soll d'Sauer duerstellen déi duerch d'Gemeng leeft.
|
Entwécklung vun der Awunnerzuel
Quell:STATEC
Buergermeeschteren
- 1844-1879: Jean Reding
- 1879-1918: Jean-Pierre Derneden
- 1918-1935: Nicolas Meyers
- 1935-1946: Nicolas Brachmond
- 1946-1968: Emile Jacques
- 1968-1976: Nicolas Schockmel
- 1976-2005: Pierre Blasius
- 2005-2021[3]: René Daubenfeld
- zanter September 2021: Jeff Gangler[4],[5]
Interkommunal Syndikater
D'Gemeng Bauschelt ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ (de)Claude Karger, Im tiefsten Westen. www.journal.lu Archivéiert de(n) 24.07.2020. Gekuckt de(n) 24.07.2020.
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ "De René Daubenfeld huet e Méindeg als Buergermeeschter demissionéiert." rtl.lu, 21.07.2021.
- ↑ (fr)Assermentation du nouveau bourgmestre et d'un nouvel échevin de la commune de Boulaide. mint.gouvernement.lu (09.09.2021). Gekuckt de(n) 10.09.2021.
- ↑ (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (04.07.2023). Gekuckt de(n) 04.07.2023.