An dëser Lëscht vun de reliéisen Objete fannt Dir eng Opzielung vu reliéise Saache, wéi Skulpturen am Steen, Holzschnëtzereien, kleng Statuen a Fassaden, Miniaturkapellen a. s. w. déi een an Uertschaften oder um Flouer fënnt an déi kenger méi spezifescher Lëscht oder Kategorie kënnen zougedeelt ginn.
An enger Fielsnisch steet eng kleng Muttergottesstatu mam Titel Beau Lis de notre Vallée an eng Bänk.
Dës Plaz geet op d'Redemptoristen zeréck, déi vun 1901 a bis an 1960er Joren zu Iechternach waren. Mat Beau Lis ass wuel d'Lilje gemengt, e Symbol fir d'Rengheet vun der Jongfra Maria.
Déi kleng Kapell mat enger hëlzener Skulptur vum hellege Niklos huet e Géigestéck op der däitscher Säit vun der Musel géigeniwwer vun Éinen. Se geet op eng Seechen aus dem Joer 1764 zeréck.[1]
Déi ursprénglech Pietà soll vun engem onbekannte Kënschtler aus dem 16. Joerhonnert stamen. D'Original aus roudem Sandstee steet an der Kierch vu Fluesweiler. 1924 gouf eng Kopie um Albert Kratzenberg geschaf, 1959 gouf déi Kopie restauréiert an op e feste Sockel aus Stee gestallt. 1960 goufen um Wee fir bei d'Pietà 7 Statiounen opgestallt, déi di 7 Schmäerzen duerstellen.[2],[3],[4]
D'Bildchen an der Baach erënnert un e Virfall vu virun 1830 bei deem e Bauer am leschte Moment virum Doud gerett gouf. D'Bildche gëtt vun der Famill Goedert vu Konsdref an der Rei gehalen, déi am Zweete Weltkrich wärend der Zwangsëmsiidlung e Versprieche gemaach hat.[6] Iwwer der Grott ass e Chronogramm aus dem Joer 1934: SUESSE TROESTERIN ERHALTE / CONSDORF IN GLAUBE / HOFFNUNG LIEBE ZU / CHRISTUS UNSERM ERLOESER
Schrëft ënner der Kapellchen: M. KEMP gest. 17. NOV 1903. De Michel Kemp, de Besëtzer vun der Reilander Millen, ass hei duerch en Ongléck de 17. November 1903 ënnert säin eegene Won geroden an ëm d'Liewe komm.[7]
↑Blumen für die Trösterin - Gelöbnis in der Zwangsumsiedlung: Seit Generationen pflegt eine Familie aus Consdorf das "Bildchen an der Baach", am Luxemburger Wort vum 7. Mee 2020 S.28