D'Rue Astrid ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg um Belair. Si verbënnt d'Place de France mat der Rue Arthur-Herchen. Hiren Tracé féiert an nordëstlecher Richtung iwwer d'Place de Gand an d'Place de Liège.
D'Strooss gouf no der Astrid vu Schweden genannt, déi 1935 zu Küssnacht an der Schwäiz bei engem Autosaccident ëm d'Liewe koum. Si war d'Fra vum belsche Kinnek Leopold III. an d'Mamm vun ë. a. der Joséphine Charlotte, der Fra vum Groussherzog Jean.
Biller
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ Postcode um Géoportail