D'Rue Rosalind Franklin ass eng Strooss zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg déi zum Deel nach am Bau ass (Mäerz 2017). Se verleeft vum Stengege Wee (Boulevard Friedrich Wilhelm Raiffeisen) a Richtung Nordoste bis bei d'Rue Albert Einstein.
D'Strooss huet den Numm vun der Rosalind Franklin (1920-1958), enger brittescher Biochemikerin.