D'Rue Willy-Goergen ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vum Eecher Bierg aus a Richtung Weste bis bei d'Biederplaz.
D'Strooss huet hiren Numm zanter dem 29. Dezember 1945; virdrun huet se zur Biedergaass gehéiert[1].
Si gouf nom Auteur Willy Goergen gennant, deen 1942 gestuerwe war.