De Boulevard de la Foire ass eng Strooss um Belair an haaptsächlech an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Stäreplaz a Richtung Nordoste bis bei de Rond-Point Robert-Schuman op der Héicht vum Direktiounsgebai vun der Bauverwaltung.
D'Strooss krut hiren Numm vun der Schueberfouer, der grousser Kiermes, déi Enn August / Ufank September um Glacis gefeiert gëtt[1].
Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss „Marktplatzring”[2].
Gebaier
Laanscht de Boulevard leien ë. a. dës Gebaier:
Biller
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ Evy Friedrich, 1982. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 10: 25
- ↑ Luxemburger Wort 1940-10-04, S. 3, Nr. 278: Die neuen Straßennamen.
Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32