D'Rue Joseph Junck ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft parallel mat der Rue d'Épernay a verbënnt d'Place de la Gare an nordwestlecher Richtung mat der Rue du Fort Wedell.
D'Strooss ass nom Joseph Junck (1839 - 1922) benannt ginn, engem Chef de gare, dee sech en Numm als Lëtzebuerger Philantrop, Gewerkschaftler a Groussmeeschter vun der Fräimaurer-Loge gemaacht huet.