D'Strooss ass no der franséischer Stad Avranches benannt, well et do den alliéierten Truppe bei der Operatioun Cobra ënner dem Kommando vun de Genereel Patton a Bradley, Enn Juli1944, gelonge war déi däitsch Linnen ze duerchbriechen, wat méi spéit zur Liberatioun vu Lëtzebuerg mat bäigedroen huet[1].
D'Strooss huet fréier Boulevard de l'Alzette geheescht, ier se 1947 den haitegen Numm krut[2]. Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) war se an „Moselstraße” ëmgenannt ginn[3].
Op der ganzer Längt gehéiert de Boulevard d'Avranches zur Nationalstrooss 2.
Biller
Vue op d'Dairy House um Boulevard d'Avranches, dat gliesent Gebai hannert den Haiser an der Montée de la Pétrusse