D'Rue du Fort Wallis ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vum Boulevard d'Avranches aus no Süde bis bei d'Rue Bender (am Osten) an d'Bouneweger Strooss (am Westen).
An der Verlängerung vun der Wallis-Strooss ass eng dräieckeg Plaz, d'Place Wallis.
Wéi no 1867 d'Festung geschleeft gouf, ass d'Strooss op engem ale Festungswierk um Gebitt vum Verluerekascht ugeluecht ginn.
Den Numm vun der Strooss geet zeréck op de Fort Wallis deen am Ufank just als Reduit an duerno (1830) a senger endgülteger Form gebaut gouf, ier en dunn 1867 bei der Schleefung ofgerappt gouf. De Fort gouf sengersäits nom Franz-Paul von Wallis (1677-1737) genannt, dee vu 1727 bis 1734 ënner éisträichescher Herrschaft, Gouverneur vu Lëtzebuerg war.
D'Strooss déi am Ufank (vun 1889 un) Rue Wallis geheescht huet, krut 1945 hiren haitegen Numm (Rue du Fort Wallis); d'Plaz heescht awer weiderhi just Place Wallis (ouni „Fort“ am Odonym)[3].