D'Rue d'Oradour ass eng Strooss an der Stad Lëtzebuerg um Belair. Si verbënnt d'Avenue du Dix Septembre mat der Avenue Gaston-Diderich. Och d'Place de Gand läit un der Rue d'Oradour.
D'Strooss ass no der franséischer Uertschaft Oradour-sur-Glane am Departement Haute-Vienne benannt, déi duerch e däitscht Krichsverbriechen am Zweete Weltkrich bekannt ginn ass. Den 10. Juni 1944 hunn do Membere vun der Waffen-SS d'Duerf zerstéiert an iwwer 600 Mënschen ëmbruecht.
Wärend der däitscher Besatzung vu Lëtzebuerg huet d'Strooss "Gneisenaustraße" geheescht.[2]
Biller
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ Postcode um Géoportail
- ↑ Ons Stad 31 (1989): Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?