D'Rue de Stavelot ass eng Strooss déi vu Weimeschkierch aus tëscht der Uelzecht an der Eisebunn erduerch bis op de Sichenhaff am Pafendall féiert.
Bis 1930 huet d'Strooss Antonsgasse geheescht[1], vu wou och de Lëtzebuerger Gebrauchsnumm Antunsgässel[2] hierkënnt.
Den Numm kënnt vun der belscher Stad Stavelot; ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss „Stablostraße”[3], nom däitschen Numm vun dëser Stad.
Biller
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ Beck F. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad Nr. 77, 2004: 37
- ↑ Luxembourg City Tourist Office, Toponoymie luxembourgeoise, „Plan Ville et environs“, 9e édition, 1999
- ↑ Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.