Se leeft rechtwénkeleg vun der Diddenuewener Strooss a Richtung Westen, bis kuerz hannert d'Rue d'Ivoix wou se an Industrieterrain iwwergeet.
Geschicht
D'Strooss krut hiren Numm de 15. Abrëll 1954[1] an ass no der belscher Stad Haufelescht ((fr) Houffalize) an der Provënz Lëtzebuerg genannt. D'Herrschaft Houffalize huet bis zur Franséischer Revolutioun zum Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert. Nom Wiener Kongress 1815 louch d'Uertschaft am nei gegrënnte Groussherzogtum Lëtzebuerg an ass, no deem senger Deelung duerch den Traité vu London, 1839 un d'Belsch gefall.