D'Rue Sainte Zithe ass eng Strooss am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vum Boulevard de la Pétrusse a südëstlecher Richtung laanscht de Rousegäertchen bis bei d'Paräisser Plaz.
Geschicht
Wéi Hollerech nach eng eegestänneg Gemeng war, huet d'Zithastrooss d'Grenz gemaach tëscht Hollerech an der Stad; op der Stater Säit huet d'Strooss awer Rue Munkácsy geheescht. An de Joren no der Gemengefusioun (1920) ass d'Bezeechnung rue Munkácsy verschwonnen. De 16. Mee 1925 huet de Stater Gemengerot confirméiert, datt déi zwou Säite vun der Strooss den Numm Zithastrooss droe géifen[1].
D'Strooss ass benannt no der Helleger Zitha (1218 - 1278), der Patréinesch vum Déngschtpersonal an den Haushälterinnen.
Gebaier
Biller
-
Nummer 6: D'Ambassade vun Holland
-
Nummer 8: D'Konsulat vu Malta
-
Nummer 10: D'Étude André Lutgen
-
D'Zithaklouschter
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ R. Link: Un célèbre artiste dans sa ville: la "Rue Munkácsy" à Luxembourg. In: Galerie 27 (2009), No 3, S. 337-354.