D'Rue de Neufchâteau ass eng Strooss am Quartier Bouneweg-Süd vun der Stad Lëtzebuerg.
D'Strooss leeft rechtwénkeleg vun der Diddenuewener Strooss a Richtung Westen a stéisst hannert der Place de Durbuy op d'Rue d'Orchimont. Um Wupp vun der Strooss gouf am September 2022 d'Tramsstatioun Lycée Bouneweg an eng Gare fir AVL- an RGTR-Busse a Betrib geholl.
D'Strooss krut hiren Numm de 15. Abrëll 1954[1] an ass no der belscher Stad Neufchâteau an der Provënz Lëtzebuerg genannt, déi tëscht 1354 a 1795 zum Herzogtum Lëtzebuerg an duerno, vu 1795 bis 1815, zum Département des Forêts gehéiert huet. Duerch den Traité vu London gehéiert Neufchâteau zanter 1839 zur Belsch.
De 15. Dezember 2021 gouf aus der Gemengestrooss e Chemin repris (CR224)[2].