D'Avenue du Bois ass eng Strooss um Lampertsbierg an der Stad Lëtzebuerg. Se huet hiren Ufank an der Allée Scheffer, op der Récksäit vum Lycée Robert-Schuman a leeft a Richtung Norde bis op d'Kräizung mat der Rue de Gibraltar wou se op d'Rue Albert Unden stéisst.
Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) housch d'Strooss „Baumbuschstraße”.
Biller
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
- ↑ „Luxembourg en 1907“, Plang vum Jean-Pierre Biermann