D'Rue Saint Mathieu ass eng Strooss am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Bréckergaass bei der Pafendaller Kierch a Richtung Norden, laanscht d'Sichepaart an ënnert der Rouder Bréck erduerch bis op de Sichenhaff. Se ass en Deel vum CR218.
D'Strooss huet den Numm vum Patréiner vun der Kierch, dem hellegen Téiwes.
Tëscht 2015 an Enn 2017 gouf am Descherwee déi nei Zuchhalt Gare Kierchbierg-Pafendall op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen gebaut, zesumme mat engem Funiculaire a Richtung Kierchbierg.
Biller
Um Spaweck
Referenzen an Notten
- ↑ vum Sichenhaff bis bei d'Sichepaart
- ↑ vun der Sichepaart bis bei d'Bréckergaass
- ↑ „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11