Astrid vu Schweden

Astrid vu Schweden
Titelen
Biographie
Gebuer 17. November 1905
Arvfurstens Palais
Gestuerwen 29. August 1935
Küssnacht am Rigi
Bestuet mat Leopold III. vun der Belsch
Papp Carl vu Schweden
Mamm Ingeborg vun Dänemark
Geschwëster Margaretha vu Schweden, Märtha vu Schweden, Carl Bernadotte
Kanner Joséphine-Charlotte vun der Belsch, Baudouin vun der Belsch, Albert II. vun der Belsch
Wope vum Leopold an der Astrid

D'Astrid Sofia Lovisa Thyra vu Schweden aus dem Haus Bernadotte, gebuer de 17. November 1905 zu Stockholm als Prinzessin vu Schweden, a gestuerwen den 29. August 1935 zu Küssnacht am Rigi, war duerch Bestietnes mam Leopold III., Kinnigin vun de Belsch.

Si war d'Mamm vun der Joséphine- Charlotte, der spéiderer Fra vum Groussherzog Jean vu Lëtzebuerg, souwéi vun den zwéi Kinneke Baudouin an Albert II.

Liewen

D'Astrid war déi drëtt Duechter vum Prënz Carl vu Schweden, Herzog vu Västergötland (1861–1951), Jong vum Kinnek Oskar II. vu Schweden, a senger Fra, der Prinzessin Ingeborg vun Dänemark (1878–1958), Duechter vum dänesche Kinnek Frederick VIII. aus dem Haus Schleswig-Holstein-Sonderburg-Glücksburg a seng Fra Louise vu Schweden-Norwegen. Hir Schwëster Märtha huet sech an d'norwegesch-kinneklech Famill abestuet. Si hat e méi jonke Brudder, de Carl (1911–2003) an eng aner Schwëster d'Margaretha vu Schweden.

De 4. November 1926 huet d'Prinzessin Astrid zu Stockholm de Leopold III. (1901–1983) bestuet, dee méi spéit Kinnek vun de Belsch gouf. D'Koppel krut dräi Kanner:

Doud

Den 29. August 1935 huet de Kinnek Leopold op enger Strooss bei Küssnacht am Rigi um Ufer vum Vierwaldstätterséi d'Kontroll iwwer säin Auto verluer an e géie Rampli erofgefall. D'Kinnigin gouf beim Accident aus dem Auto eraus, an e Bam geschleidert an ass nach op der Plaz un enger schwéierer Kappverletzung gestuerwen.

D'Gemeng Küssnacht huet dem Leopold den Terrain op deem d'Accident geschitt war iwwerlooss, an de Kinnek huet eng Gedenkkapell fir d'Astrid baue gelooss.

Erënnerungen

Zu Lëtzebuerg

Fir un d'Astrid z'erënneren, gouf um Belair an der Stad Lëtzebuerg eng Strooss no hir genannt: d'Rue Astrid leeft vun der Rue Arthur-Herchen bis op d'Place de France.

Soss doruechter

Gielercher

  • Dame grand cordon vum Ordre de Léopold (Belgique).
  • Dame noble vum Theresienuerden
  • Dame noble vum Stärekräizuerden (Éisträich-Ungarn).

Um Spaweck

Commons: Astrid vu Schweden – Biller, Videoen oder Audiodateien