D'Rue Albert Einstein ass eng Strooss zu Gaasperech an der Stad Lëtzebuerg déi ëm 2017-19 ugeluecht gouf. Se verleeft vum Boulevard de Kockelscheuer a Richtung Süd-Weste bis bei d'Rue Rosalind Franklin, virun der Grenz mat der Gemeng Hesper.
D'Linn 1 vum Stater Tram leeft derduerch, mam Halt Lycée Vauban op der Héicht vun Campus francophone, wou ë. dee Lycée ass.
D'Strooss huet den Numm vum Albert Einstein (1879-1955), engem vun de bedeitendste Physiker vum 20. Joerhonnert.