D'Rue du Commerce ass eng Strooss am Garer Quartier an der Stad Lëtzebuerg. Se leeft vun der Place de la Gare eng 270 Meter a west-nordwestlecher Richtung, fir dann an enger rietser 90-Grad-Kéier no Nord-Nordost ofzebéien, bis s'op d'Stroossbuerger Strooss stéisst.
Dëse leschtgenannten Deel huet fréier Rue des Caves geheescht.
Ënnert der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich housch se Handelsstraße.[1]