Déi 96. Editioun vum Tour de France gouf 2009 vum 4. bis de 26. Juli gefuer. D'Course hat eng total Distanz vun 3.459 Kilometer a si gouf vum Spuenier Alberto Contador virum Andy Schleck a sengem Coequipier bei Astana , dem Lance Armstrong gewonnen. Domat konnt hie säin zweeten Tour, nom Tour vun 2007 op säi Palmarès schreiwen. De brittesche Sprinter Mark Cavendish huet 6 Etappe gewonnen an den Norweger Thor Hushovd huet d'Punkteklassement fir de gréngen Trikot gewonnen. Den Italieener Franco Pellizotti huet sech de getëppelten Trikot vum Biergklassement ënner den Nol gerappt, a krut de Präis vum Super combatif .
Streck
Déi éischt Etapp war en Eenzelzäitfueren , dat op engem Deel vum Formel 1 - Circuit vu Monaco gefuer gouf.
An der éischter Woch huet d'Streck laanscht d'Mëttelmierküst gefouert, an ass zu engem Deel iwwer d'Route du bord de mer (Alpes-Maritimes) gelaf. An där Woch war en Ekippenzäitfueren, zu Montpellier an eng Etapp a Spuenien tëscht Gerona a Barcelona .
Duerno koumen dräi Etappen an de Pyrenäen , fir d'éischt a Spuenien an an Andorra mat Arrivée zu Arcalis , duerno a Frankräich . No deene Biergetappe war Roudag zu Limoges .
Duerno goung et a véier Etappen an Direktioun Elsass a Vogesen , mat enger Biergetapp tëscht Vittel a Colamar mat dräi Colle vun ëm déi dausent Meter. Duerch de Jura goung et du weider an d'Schwäiz mat enger Arrivée zu Verbier .
Nom zweete Roudag koumen zwou Alpenetappen an en Eenzelzäitfueren zu Annecy . Déi lescht Biergetapp, den Dag virun der Arrivée op de Champs-Élysées zu Paräis , huet iwwer de Mont Ventoux geféiert.
D'Streck huet duerch sechs Länner geféiert, Monaco , Frankräich , Spuenien , Andorra , Schwäiz an Italien . Op dem Deel an Italie war keng Etappestad virgesinn, et gouf just op der 16. Etappe tëscht dem Grousse Sankt-Bernard an dem Klenge Sankt-Bernard derduerch gefuer.
Schleck, Armstrong a Contador fueren de Mont Ventoux erop.
Etappen
Etapp
Datum
Etappestied
Längt (a km )
Etappegewënner
Generalklassement
0 1.
4. Juli
Monaco – Monaco
0 15,5 CLM
SUI Fabian Cancellara
SUI Fabian Cancellara
0 2.
5. Juli
Monaco – Brignoles
187,0
GBR Mark Cavendish
SUI Fabian Cancellara
0 3.
6. Juli
Marseille – La Grande-Motte
196,5
GBR Mark Cavendish
SUI Fabian Cancellara
0 4.
7. Juli
Montpellier – Montpellier
0 39,0 CLM (Ekipp)
KAZ Astana
SUI Fabian Cancellara
0 5.
8. Juli
Cap d'Agde – Perpignan
196,5
FRA Thomas Voeckler
SUI Fabian Cancellara
0 6.
9. Juli
Gerona (ESP) – Barcelona (ESP)
181,5
Norway Thor Hushovd
SUI Fabian Cancellara
0 7.
10. Juli
Barcelona (ESP) – Andorra-Arcalis (AND)
224,0
FRA Brice Feillu
ITA Rinaldo Nocentini
0 8.
11. Juli
Andorra la Vella (AND) – Saint-Girons
176,5
ESP Luis León Sánchez
ITA Rinaldo Nocentini
0 9.
12. Juli
Saint-Gaudens - Tarbes
160,5
FRA Pierrick Fédrigo
ITA Rinaldo Nocentini
13. Juli
Roudag
10.
14. Juli
Limoges – Issoudun
194,5
GBR Mark Cavendish
ITA Rinaldo Nocentini
11.
15. Juli
Vatan – Saint-Fargeau
192,0
GBR Mark Cavendish
ITA Rinaldo Nocentini
12.
16. Juli
Tonnerre – Vittel
211,5
DNK Nicki Sørensen
ITA Rinaldo Nocentini
13.
17. Juli
Vittel – Colmar
200,0
DEU Heinrich Haussler
ITA Rinaldo Nocentini
14.
18. Juli
Colmar – Besançon
199,0
RUS Sergei Ivanov
ITA Rinaldo Nocentini
15.
19. Juli
Pontarlier – Verbier (CHE)
207,5
ESP Alberto Contador
ESP Alberto Contador
20. Juli
Roudag
16.
21. Juli
Martigny (CHE) – Bourg-Saint-Maurice
159,0
ESP Mikel Astarloza
ESP Alberto Contador
17.
22. Juli
Bourg-Saint-Maurice – Le Grand-Bornand
169,5
LUX Fränk Schleck
ESP Alberto Contador
18.
23. Juli
Annecy – Annecy
0 40,5 CLM
ESP Alberto Contador
ESP Alberto Contador
19.
24. Juli
Bourgoin-Jallieu – Aubenas
178,0
GBR Mark Cavendish
ESP Alberto Contador
20.
25. Juli
Montélimar – Mont Ventoux
167,0
ESP Juan Manuel Gárate
ESP Alberto Contador
21.
26. Juli
Montereau-Fault-Yonne – Paräis
164,0
GBR Mark Cavendish
ESP Alberto Contador
Um Spaweck