Den 11. Tour de France gouf vum 29. Juni bis de 27. Juli 1913 a 15 Etappe gefuer mat enger Totaldistanz vu 5.388 km.
Allgemenges
- D'Generalklassement gouf erëm op d'Zäit gemaach an dee System blouf definitiv bestoen.
- Den Depart vum Tour war zu Boulogne-Billancourt an d'Arrivée am Parc des Princes. Et war fir d'éischt wou den Tour den ëmgedréinte Wee gefuer ass.
- Den Tour vun 1913 war markéiert duerch Accidenter a ganz vill Abandonen.
- Trotzdeem datt déi aner Ekippe sech zesummegedoen hate fir d'Ekipp Peugeot kleng ze kréien, konnt dës Ekipp awer déi 3 éischt Plazen am Generalklassement besetzen.
- Den Eugène Christophe, dee mat sengem Coequipier Thys an der Etapp vu Luchon ugaange war a virtuellen Éischten um Tourmalet war, hat do onglécklecherweis seng Gafel gebrach. Well all Hëllef verbuede war huet hie seng Gafel selwer bei engem Schmadd gefléckt. Hien hat all Chancen op den Tourgewënn verluer, mä en ass an d'Geschicht vum Tour agaangen.
- De Lucien Petit-Breton, vun der Ekipp « Automoto », war nach am Kampf fir d'Schlussklassement wéi en huet missen an der 14. Etapp opginn well hie schwéier gefall war. An der selwechter Etapp ass och dee bis dohin Éischten am General, de Philippe Thys, gefall an dat huet hien 10 Minutte kascht. Hie blouf awer ganz knapps vir am Generalklassement.
- Moyenne vum Gewënner: 27,23 km/h.
D'Etappen
Generalklassement