De fënneften Tour de France ass 1907 tëscht dem 8. Juli an dem 4. August iwwer eng Totaldistanz vu 4.488 km a 14 Etappe gefuer ginn.
Allgemenges
- D'Generalklassement ass no Punkten.
- Den Depart vum Tour ass zu Paräis um Pont Bineau an d'Arrivée am Parc des Princes.
- 1907 ass fir d'éischt eng Arrivée an enger Stad baussent Frankräich an zwar zu Metz dat déizäit zu Däitschland gehéiert huet.
- De 26. Juli, gëtt den Émile Georget vun de Course-Commissairë mat 50 Punkte gestrooft, just an deem Ament wéi hien Éischten am Generalklassement war, well en op der Etapp Toulouse – Bayonne de Vëlo gewiesselt hat wat déizäit, dem Reglement no, streng verbuede war, an de Lucien Petit-Breton ass op d'éischt Plaz gerutscht. D'Ekipp Alcyon hat protestéiert a gesot si géif sech aus dem Tour zeréckzéie wann de Coureur net bestrooft géif. D'Ekipp vum Georget a Petit-Breton, Peugeot huet awer den Tour gewonne mat de 5 éischte Plazen am Generalklassement.
D'Etappen
Generalkassement