Den néngten Tour de France gouf vum 2. Juli bis den 30. Juli 1911 mat 15 Etappen op enger Totaldistanz vu 5.344 km gefuer.
Allgemenges
- D'Generalklassement ass no Punkten.
- Den Depart ass um Pont de la Jatte an d'Arrivée am Parc des Princes. De Parcours ass e bessen aanescht wéi d'Joer virdrun, mat 600 km zousätzlech.
- Moyenne vum Gewënner: 27,322 km/h
- Et ass deen éischten Tour de France wou verschidde Fuerer mat Gangschaltung fueren.
- Och dat Joer gewënnt erëm e Fuerer vun der Ekipp Alcyon, mä manner iwwerleeë wéi déi Jore virdrun, den zweeten am Generalklassement ass aus der Ekipp La Française.
- Vun de 84 Fuerer um Depart sinn der 37 an enger Ekipp an 47 Fuerer ouni Ekipp gefuer.
Alcyon dominéiert vun Ufank bis un d'Enn an huet zum Schluss fënnef Coureuren op de fënnef éischte Plazen an de sechsten aus der Ekipp ass op der aachter Plaz.
D'Etappen
Generalklassement