Den Tour de France 1992 war déi 79. Editioun vum Tour de France am Vëlofueren. D'Course gouf vum 4. bis den 26. Juli 1992 gefuer a bestoung aus 21 Etappen, iwwer am Ganzen 3.983 km.
Fir d'Ënnerschrëft vum Traité iwwert d'Europäesch Unioun ze wierdegen, goung den Tour dat Joer duerch net manner wéi 6 weider Länner (nieft Frankräich): Lëtzebuerg, d'Belsch, Holland, Däitschland Italien (déi 1952 mat Frankräich d'Europäesch Communautéit fir Stol a Kuel gegrënnt haten), plus Spuenien.
Den Depart war zu San Sebastian an d'Arrivée wéi gewinnt zu Paräis op de Champs-Élysées. Déi 9. Etapp war ganz zu Lëtzebuerg, mat Depart an Arrivée an der Stad, an déi 10. ass vun do fortgefuer.
De Miguel Indurain huet dobei den zweete vun am Ganze fënnef Tier hannerenee gewonnen.
Etappen
Generalklassement
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
|