Den 18. Tour de France gouf vum 22. Juni bis den 20. Juli 1924 op 15 Etappe mat enger Totaldistanz vu 5.425 km. gefuer.
Allgemenges
- Den Ottavio Bottecchia ass den éischten Italieener deen den Tour de France gewënnt. Hie gewënnt och 4 Etappen op dësem Tour.
- De Bottecchia ass och den eenzege Coureur dee bis elo de Maillot jaune vun Ufank bis un d'Enn um Bockel hat.
- Den Henri Pélissier, Gewënner vum Joer virdrun, gëtt zesumme mat sengem Brudder Francis op fir domat géint d'Reglement ze protestéieren.
- D'Coureure sinn an 3 Kategorien agedeelt: 43 Stéck an der 1. Kategorie, 12 an der Zweeter an 102 an der Kategorie touristes-routiers.
Den Omer Huyse ass zum Schluss de Beschtklasséierten an der 2. Kategorie an den Ottavio Pratesi ass de beschten touriste-routier.
- Moyenne vum Gewënner: 23,972 km/h.
D'Etappen
Generalklassement