De 76. Tour de France gouf vum 1. bis den 23. Juli 1989 gefuer. E bestoung aus 21 Etappe vun am Ganzen 3.285 km. En ass an der Stad Lëtzebuerg fortgefuer an zu Paräis op der Avenue des Champs-Élysées ukomm.
Den US-amerikaner Greg LeMond war de Gewënner, deen am leschte Contre-la-montre de Fransous Laurent Fignon iwwerhuele konnt, an esou 8 Sekonne Virsprong krut; déi klengst Marge tëscht dem 1. an dem 2. an der Geschicht vum Tour.