Déi 100. Editioun vum Tour de France gouf 2013 vum 29. Juni bis den 21. Juli gefuer. D'Course hat eng total Distanz vun 3.360 Kilometer. 198 Coureure sinn an 22 Ekippen un den Depart gaangen.
Gewonne gouf den Tour vum Britt Chris Froome.
Streck
Um Programm stoungen néng Flaachetappen, dräi Etappe mat Hiwwelen a sechs Biergetappen, dorënner der véier mat Biergarrivée.
Anescht wéi zejoert goung et net mat engem Prolog mä mat enger Flaachetapp lass, an et war nees en Ekippenzäitfuere virgesinn. Déi éischt dräi Etappe goufe komplett op der Mëttelmierinsel Korsika gefuer, déi fir d'éischt Kéier an de Programm vum Tour opgeholl gouf.
Mam Andy Schleck (20. op der Arrivée) an dem Laurent Didier (53. op der Arrivée) waren och zwéi Lëtzebuerger un den Depart gaangen. De Fränk Schleck konnt wéinst enger Spär déi nach bis de 14. Juli 2013 gelaf ass net matfueren.
Etappen
Um Spaweck