Nei am Tour 2008 ass, datt et keng Zäitbonifikatioune bei den Tëschesprinter an op den Etappenarrivéeë gëtt. Et ass och zanter 1967 den éischten Tour fir dee kee Prolog gefuer gouf, mä den Tour huet mat enger 197,5 km laanger Etapp vu Brest op Plumelec ugefaangen.
2)Well de Romain Feillu a Giel gefuer ass, hat den Andy Schleck als zweeten am Klassement vun de jonke Profien de wäissen Trikot.
3)Well de Kim Kirchen de Gielen Trikot huet, fiert den Thor Hushovd als Zweete vum Sprintklassement am gréngen Trikot, an der 8. an an der 10. Etapp gëllt dat selwecht fir den Óscar Freire.
4)De Vincenzo Nibali fiert als Zweete vun de jonke Coureuren am wäissen Trikot.
5)Nodeem de Riccardo Riccò wéinst Doping aus der Course geholl gouf, a seng Ekipp, Saunier Duval-Scott mat dem Zweetklasséierten, David de la Fuente, sech doropshin aus dem Tour zeréckgezunn huet, hat op der 12. Etapp kee Coureur de getëppelten Trikot.
6)Wéinst der Suspendéierung vum Riccardo Riccò krut de Vincenzo Nibali op der 12. Etapp de wäissen Trikot.
7)Am September 2008 ass en neien Dopingtest op CERA bei engen 10 Echantillonen duerchgefouert ginn, bei deem de Bernard Kohl positiv getest gouf. Hien huet dunn de 15. Oktober 2008 zouginn, gedopt ze hunn an op d'Opmaache vun der B-Prouf verzicht.
8)De Sylvain Chavanel deen d'Generalklassement vun deem Klassement gewonnen huet, hat op der Leschter Etapp de rouden Dossard. De kämpfereschste Coureur vun der Etapp war den Nicolas Vogandy.