Kim Kirchen
Kim Kirchen
Gebuer
3. Juli 1978 Lëtzebuerg Nationalitéit
Lëtzebuerg Aktivitéit
Vëlossportler, Cyclocrossfuerer Gréisst
177 cm Gewiicht
67 kg Veräin/Ekipp
HTC-Highroad, Katusha-Alpecin,Fassa Bortolo , T-Mobile Huet matgemaach bei
Vuelta a España , Tour de France , Olympesch Summerspiller 2008 , Olympesch Summerspiller 2004 , Tour de Luxembourg 2006 , UCI ProTour 2005 , UCI ProTour 2007 , UCI ProTour 2008 Famill Papp
Erny Kirchen
De Kim Kirchen bei den Nationale Meeschterschaften 2007 uewen um Keeler Poteau
De Kim Kirchen , gebuer den 3. Juli 1978 an der Stad Lëtzebuerg , ass e lëtzebuergesche Vëlossportler. Hien ass de Bouf vum Erny Kirchen .
Seng éischt Course fiert hien 1992 zu Dummeldeng an der Kategorie Cadets .
Vun 1998 bis 2000 ass hien an der italieenescher Amateur-Ekipp De Nardi .
An Italie kënnt hien a Kontakt mat der Ekipp Fassa Bortolo a kritt do e Kontrakt als Profi. An dëser italieenescher Ekipp fiert hie vun 2001 bis 2005 . 2006 ass hie bei d'däitsch Ekipp T-Mobile Team gewiesselt, an 2009 fiert hie fir den Team Columbia-HTC .
Zanter der Saison 2010 fiert hie bei der Ekipp Katjuscha . Well e beim Tour de Suisse 2010 e kuerzen Häerzstëllstand hat, konnt en dat Joer net beim Tour de France matfueren.
Nom Enn vu senger professioneller Karriär, aus Gesondheetsgrënn, schafft hien am Sportsministère am Archiv iwwer de Lëtzebuerger Vëlossport.[ 1]
Palmarès
2000 (De Nardi-Pasta Montegrappa)
Kim Kirchen, copyright http://www.cycling-photos.net/index_site.htm
Kim Kirchen
2008 (Team Columbia-High Road)
1. an der Flèche wallonne (199,5 km)
1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss am Zäitfueren (Kategorie Elite mat Kontrakt)
4. an der Bayern-Rundfahrt
4. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne (Kategorie Elite mat Kontrakt)
7. an der Vuelta Ciclista al País Vasco (2. am Punkteklassement)
1. an der 2. Etapp vu Legazpi op Erandio (153 km)
9. an der 3. Etapp vun Erandio op Viana (195 km)
1. an der 4. Etapp vu Viana op Vitoria-Gasteiz (171 km)
4. an der 5. Etapp vu Vitoria-Gasteiz op Orio (162 km)
7. am Tour de Suisse
7. am Tour de France (5. am Punkteklassement)
4. an der 1. Etapp vu Brest op Plumelec (197,5 km)
2. an der 2. Etapp vun Auray op Saint-Brieuc (164,5 km), gréngen Tricot
1. an der 4. Etapp vu Cholet op Cholet, Eenzelzäitfueren (29,5 km), gréngen Tricot -an der 5. Etapp gréngen Tricot verluer
5. an der 6. Etapp vun Aigurande op Super Besse (195,5 km), gielen a gréngen Tricot
4. an der 7. Etapp vu Brioude op Aurillac (159 km)
3. an der 20. Etapp vun Cérilly op Saint-Amand-Montrond , Eenzelzäitfueren (53,0 km)
12. a Liège-Bastogne-Liège
20. am Amstel Gold Race
23. am Eenzelzäitfuere bei den Olympesche Spiller zu Peking (47 km)
46. an der Course en Ligne bei den Olympesche Spiller zu Peking (245 km)
46. am Grand Prix d'Isbergues (201,2 km)
81. am Critérium international
106. a Milano-Sanremo (298 km)
Amgen Tour of California (opginn an der 6. Etapp)
10. an der 5. Etapp vu Solvang op Solvang, Eenzelzäitfueren (24 km)
Tirreno - Adriatico (opginn an der 7. Etapp)
Monte Paschi Eroica (opginn)
0 0
De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Gielercher
Literatur
Pierre Gricius: Das Leben danach - Interview mam Kim Kirchen am Luxemburger Wort vum 19. Abrëll 2017 S.47
Kuckt och
Um Spaweck
1922 François Heck
1923, 1924, 1925, 1926, 1927, 1928, 1929, 1930, 1931, 1932, 1933, 1934 Nicolas Frantz
1935, 1939 Arsène Mersch
1936 Emil Bewing
1937 Pierre Clemens
1938, 1948 Mett Clemens
1940 Lucien Bidinger
1945 Joseph Bintener
1946, 1951 Jeng Kirchen
1947, 1950 Jean Goldschmit
1949 Willy Kemp
1952 Johny Goedert
1953, 1954, 1955 Marcel Ernzer
1956, 1957, 1959, 1960, 1961, 1962 Charly Gaul
1963, 1964 Roger Thull
1965, 1973 Johny Schleck
1966, 1967, 1968, 1969, 1970, 1971 Edy Schütz
1972, 1974, 1975, 1976 Roger Gilson
1977, 1978, 1979, 1980 Lucien Didier
1981, 1982, 1983 Eugène Urbany
1984, 1985 Claude Michely
1986, 1987, 1988 Enzo Mezzapesa
1989 Pascal Triebel
1990 Pascal Kohlvelter
1997 Daniel Bintz
1998 Tom Flammang
1999, 2004, 2006 Kim Kirchen
2000, 2003, 2007 Benoît Joachim
2001, 2002 Christian Poos
2005, 2008, 2010, 2011, 2014 Fränk Schleck
2009 Andy Schleck
2012 Laurent Didier
2013, 2015, 2016, 2017 Bob Jungels
Referenzen
↑ Bernard Thomas: "Working Class Hero." in: d'Lëtzebuerger Land 5. Februar 2016, Nr.6, S.10.