Bei deenen zwou éischten Oploe vum Tour de Luxembourg konnten nëmmen "Independanten" a "Lëtzebuerger Profien" un de Start goen. Vun 1937 u waren och Profie vun aneren Natiounen zougelooss.
Zanter 2005 gëtt den Tour vu Škoda gesponsert an heescht zanterhier ŠkodaTour de Luxembourg. E gehéiert vun do un zum UCI Europe Tour an ass an der Kategorie 2.HC klasséiert.
Gaston Zangerlé, Fernand Thill, Raymond Elcheroth, Henri Bressler: Tour de Luxembourg 1939-1990, Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg, 1990, ISBN 2-87963-093-2 (franséisch Versioun)