Bouillon läit op der Semois (déi a Frankräich Semoy heescht) an ass vun enger Festung dominéiert, héich uewen um Fiels, déi virdrun dem Godefroy vu Bouillon seng Buerg war. D'Haaptwirtschaftsaktivitéit ass den Tourismus.
1096 huet de Grof Godefroy vu Bouillon säi Schlass als Pand ginn, fir mat de Suen e Kräizzuch ze finanzéieren. E puer Joerhonnerte laang huet et zum Bistum Léck gehéiert, mä zanter dem 16. Joerhonnert hunn d'Fransousen ëmmer nees probéiert, sech déi strateegesch wichteg Stad ënner den Nol ze rappen, wat hinnen dann och 1678 gelongen ass.
Léon Saur, Entre Bar, Namur et Liège: Bouillon, place stratégique ; in: La Maison d'Ardenne - Xe-XIe siècles ; Actes des Journées lotharingiennes (24-26 octobre 1980) ; PSH / Publications de la Section historique (de l'Institut grand-ducal), Bd. XCV (Lëtzebuerg, 1981); Ss. 258-282 (Referenzen, 1 genealogesch Tafel).