Déi haiteg Gemeng Rendeux ass bei der belscher Gemengereform vun 1977, aus der Fusioun vun de fréiere Gemenge Beffe, Hodister, Marcourt a Rendeux entstanen.
Déi fréier Gemengen Hodister a Rendeux leien um lénksen Uwänner vun der Ourthe, Beffe a Marcourt leie riets.
Zu Rendeux gehéiert: Rendeux-Haut, Rendeux-Bas, Ronzon, Chéoux, Waharday, Nohaipré, Hamoul a Bardonwez
Zu Beffe: Magoster an Trinal
Zu Hodister: Gênes, Warisy, Jupille, Quatre-Bras-de-Gênes, Racelle, Vecpré a La Boverie
Zu Marcourt: Marcouray, Devant-Tâve a Laidprangeleux
Waasserleef
Rendeux an d'Nopeschdierfer leien am Dall vun der Ourthe.