Den Tour de France 2002 war déi 89. Editioun vum Tour de France am Vëlofueren. D'Course gouf vum 6. bis den 28. Juli2002 gefuer a bestoung aus 20 Etappen, iwwer am Ganzen 3.276 km.
Et gëtt kee Vainqueur vun dësem Tour, zanter den US-Amerikaner Lance Armstrong am Oktober 2012 säin Titel (wéi och déi vu 6 aneren Tier) wéinst Verstéiss géint d'Anti-Doping-Reegelen oferkannt krut.
Den Depart war an der Stad Lëtzebuerg (grad wéi de Prolog an den Depart vun der 2. Etapp), d'Arrivée wéi gewinnt zu Paräis op de Champs-Élysées.
Et gouf 21 Ekippen um Depart, dorënner der 16, déi d'office selektionéiert waren: Mapei-Quick Step, Fassa Bortolo, Alessio, Tacconi Sport, Lampre-Daikin, Lotto-Adecco, Domo-Farm Frites, Rabobank, ibanesto.com, Euskaltel-Euskadi, ONCE, Kelme, Cofidis, Telekom, US Postal an CSC-Tiscali.