Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Tour de France 2015 war déi 102. Editioun vum Tour de France.
Den Depart war de 4. Juli zu Utrecht mat engem Contre-la-montre vun 13,8 km. Duerno gouf an der Belsch gefuer an de Parcours a Frankräich gouf géint den Auerzäresënn gefuer, fir de 26. Juli op de Champs-Élysées unzekommen. Um Depart stoungen 198 Coureuren, verdeelt op 22 Ekippen an et gouf iwwer eng Distanz vun 3.360 km gefuer. Et ass fir d'éischt an der Geschicht vum Tour datt eng Ekipp mat engen afrikanesche Sponsor um Depart ass, d'Ekipp MTN-Qhubeka.