Den drëtten Tour de France gouf vum 9. Juli bis den 30. Juli1905 an 11 Etappe gefuer. Vun 3.021 km déi virgesi waren, goufen der 2.944 gefuer. Dëst koum dohier datt e puer Arrivéë virun d'Stied verluecht goufen, amplaz an der Stad ze si wéi dat am Ufank geplangt war.
Allgemenges
D'Generalklassement gouf no Punkte gemaach, an net op Zäit.
Et ass fir d'éischt, datt grouss Collen am Tour sinn, ënner anerem de Ballon d'Alsace. Den éischte Gewënner op der Etapp vum Ballon d'Alsace ass de FransousRené Pottier.