Bei Nantes leeft d'Erdre an d'Loire. D'Stad läit ronn 55 Kilometer ëstlech vum Atlantik an zum gréissten Deel um Nordufer vun der Loire.
De Klima vun Nantes gëtt duerch den Atlantik, deen nobäi ass, bestëmmt. De Wanter ass mëll a fiicht, de Summer waarm an net iwwerméisseg dréchen. Déi duerchscnëttlech Jorestemperatur ass 12 °C (Wanter: 5 °C/ Summer: 18,5 °C).
Geschicht
Altertum a Vëlkerwanderung
Tëscht 900 an 600 v. Chr. waren d'Uwänner vun der Loire scho besidelt, wéi et aus verschiddene Spueren ervirgeet. Géint 500 v. Chr. koumen d'Kelten an d'Regioun vum haitege Nantes. Am Gallesche Krich gouf dëst Gebitt 56 v. Chr. der réimescher Herrschaft ënner dem Julius Caesar ënnerworf. Am Joer 50 v. Chr. gouf um Gebitt vum haitegen Nantes déi réimesch Hafestad Portus Namnetus gegrënnt. Am drëtte Joerhonnert sinn dunn d'Awunner zum chrëstleche Glawen iwwergetrueden. Ongeféier zur gläicher Zäit (vun 285 un) sinn d'Sachsen an dës Regioun agezunn.
Am 5. a 6. Joerhonnert koumen, wéi et heescht, d'Bretone vun de Britteschen Inselen, an déi Géigend. Deen Nowäis ass awer net honnertprozenteg erbruecht.
1460 ass zu Nantes d'Universitéit gegrënnt ginn. Nom Doud vun der Anne de Bretagne (1477-1514) ass d'Bretagne dunn e Bestanddeel vum allgemenge franséischen Territoire ginn.
Wéinst senger gënschteger Lag un der Loire-Mëndung huet d'Stad am 18. Joerhonnert vun engem staarke wirtschaftlechen Opschwonk profitéiert a gouf domat déi bedeitendst Hafestad a Frankräich. De Sklavenhandel, deen deemools floréiert huet, huet vill dozou bäigedroen.
Wärend der Franséischer Revolutioun goufen zu Nantes, wéi gesot gëtt, 16.000 Bierger higeriicht.
Déi éischt ëffentlech Buslinn vun der Welt gouf 1826 zu Nantes ageweit.
Nantes am Zweete Weltkrich
1940 ass d'Stad wärend dem däitsche Frankräichfeldzug vun den däitschen Truppe besat ginn. 1941 gouf den däitsche Stadkommandant Hotz vun der Resistenz ëmbruecht, wourophi 50 Geisele higeriicht goufen. D'Haaptverkéiersstrooss "des 50 Otages" erënnert un déi schrecklech Tragedie. Bis Juni 1941 war Nantes d'Haaptstad vun der Bretagne, du gouf d'Stad vum Vichy-Regime vun der Regioun ofgetrennt. Tëscht dem 16. an 23. September 1943 ass Nantes duerch déi alliéiert Loftattacke staark matgeholl ginn. No der Landung vun den Alliéierten an der Normandie goufen déi däitsch Besatzungstruppen den 12. August 1944 verdriwwen.