Dunkerque ass eng franséisch Stad a Gemeng, Sous-préfecture vum DepartementNord. Mat 89.882 Awunner (1. Januar 2013) ass Dunkerque déi fënneftgréisst Stad an der RegiounHauts-de-France. Se läit am Zentrum vun der Communauté urbaine de Dunkerque Grand Littoral, an där 17 Gemengen zesummegeschloss sinn, a woura ronn 200.000 Leit liewen. Dunkerque ass ausserdeem déi nërdlechst Stad a Frankräich, just 10 km vun der belscher Grenz ewech
Geschicht
D'Geschicht vun Dunkerque ass enk mam Nordmier verbonnen. Et gouf virun iwwer dausend Joer als Fëscherduerf, op enger Sandbänk, gegrënnt. Nodeems eng Kapell do opgeriicht gouf, krut et säin hollänneschen Numm: Duinkerk- "Düne-Kierch". Wärend senger Geschicht huet Dunkerque zu der Grofschaft Flandern, dem Kinnekräich Spuenien, dem engleschen a franséische Kinnekräich gehéiert. De 25. Juni 1658 huet d'Stad dräimol hir Nationalitéit gewiesselt. Nodeems de 27. Oktober 1662 de Louis XIV. et vum englesche Kinnek Charles II. ofkaaft hat, gouf Dunkerque definitiv franséisch. De Vauban huet et dann och huerteg zu enger imposanter Festungsstad ausgebaut. Zu där Zäit huet och de bekannte Korsar Jean Bart do gelieft. Wärend der Franséischer Revolutioun krut d'Stad den Numm Dune libre. Am Éischte Weltkrich gouf Dunkerque a säin Hafen uerg vun däitscher Säit bombardéiert. Am Ufank vum Zweete Weltkrich, koum et do zu der Operatioun Dynamo an der Belagerung vun Dunkerque.
De Mierhafen (Grand port maritime de Dunkerque) ass deen drëttgréisste vu Frankräich an och dee gréissten Employeur. Eng jett Industrien hu sech do néiergelooss, wéi Arcelor Mittal, Air liquide, Europipe oder petrocheemesch Installatiounen.
Iwwer den Hafe vu Dunkerque huet d'Banneschëffaart Uschloss un de franséischen a belsche Kanalsytem. Net manner wéi fënnef Schëffskanäl hunn oder haten do am Laf vun der Zäit, hiren Ufank. Dat sinn:
Dunkerque läit no bei zwou Autobunnen, der A25 vu Bergues op Lille, an der A16/E40 vu L'Isle-Adam op d'belsch Grenz. Et läit och um Trajet vun der fréierer N1 (haut: D601 am Departement Nord), der N225 (déi d'A16 mat der A25 verbënnt) an der ex-N353 (zënter 2005: D625).
D'Porte de la Marine, eng Paart vun der Vaubansfestung.
Den Hafemusée am Bassin du Commerce
De Mémorial du Souvenir iwwer d'Schluecht vun Dunkerque an d'Operatioun Dynamo.
e puer Konschtmuséeën
dräi Scherzer-Rullklappbrécken am Hafen, wovun déi vun der Schleis Charles de Gaule fir den Ament (2016) ofgeriicht ass an nieft dem Schleisebaseng steet fir renovéiert ze ginn.