D'Pyrenäe bestinn am Fong aus zwou ongeféier gläich laange Biergketten, déi sech, déi eng vum Golf vu Biscaya aus, déi aner am Oste vum Cap Cerbère aus, an der Géigend vum Val d'Aran iwwerlappen. De Val d'Aran gëtt vum Port de Bonaigua iwwerbréckt, wouduerch dës zwou Biergkette verbonne ginn.
Geographie
D'Pyrenäe ginn ënnerdeelt a westlech oder atlantesch Pyrenäen, d'Héich- oder Zentralpyrenäen an déi ëstlech Pyrenäen. D'Héichpyrenäen erstrecke sech am Weste vum Port de Canfranc bis an de Val d'Aran am Osten.
De Pico de Aneto am Maladeta-Massiv ass mat 3.404 m deen héchste Bierg. Et gëtt ronn zweehonnert Bierger iwwer 3000 m an de Pyrenäen.
Geologie
D'Pyrenäen sinn, wéi och d'Alpen, viru ronn 50 bis 100 Millioune Joer am Tertiär entstanen. Déi westlech Pyrenäen besti virun allem aus Kalleksteen, d'Zentralpyrenäen aus Graniter.