1544: No Streidereien tëscht dem Karel V. an dem franséische Kinnek François I. gëtt am Traité vu Crépy festgehalen, datt d'Herzogtum am Besëtz vun den Habsburger bleift an d'Bourgogne u Frankräich fält.
1839: Mam Vertrag vu London gëtt Lëtzebuerg an zwee gespléckt: de westlechen Deel geet un d'Belsch, den ëstlechen Deel bleift d'Groussherzogtum. D'Land kritt seng aktuell geographesch Form mat enger Fläch vun 2.586 km².
1867: Am Zweete Vertrag vu London gëtt d'Neutralitéit an d'Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg festgehalen. Déi preisesch Garnisoun verléisst d'Festung, déi duerno geschleeft gëtt.
1890: Nom Doud vum Groussherzog Wëllem III. gëtt den Herzog Adolf vun Nassau ënnert dem Numm Adolphe Groussherzog vu Lëtzebuerg; Lëtzebuerg kritt seng eegen Dynastie.
1902 – 1914: Dräi Parteien, déi eng laang Zäit d'politescht Liewen am 20. Joerhonnert bestëmmen, gi gegrënnt: LSAP (1902), d'Liberal Liga (1904, Virgänger vun der haiteger DP) an d'Rietspartei (1914, Virgänger vun der CSV)
1911: D'Arbed, de gréisste Lëtzebuerger Stolkonzern gëtt gegrënnt.
1914: Den 2. August 1914 iwwerfalen déi däitsch Truppen de Grand-Duché, entgéint dem Land senger Neutralitéit, déi et duerch de Londoner Vertrag (1867) kritt hat.
1919: D'Groussherzogin Marie-Adelheid dankt zu Gonschte vun hirer Schwëster Charlotte of. D'allgemengt Walrecht gëtt agefouert. Bei engem duebele Referendum stëmmen 80 % vun de Lëtzebuerger fir d'Erhale vun der Dynastie an 73 % fir eng Wirtschaftsunioun mat Frankräich.
1920: Frankräich refuséiert déi lëtzebuergesch Offer vun enger Wirtschaftsunioun; Lëtzebuerg fänkt Verhandlunge mat der Belsch un.
1921: Lëtzebuerg ënnerschreift d'UEBL mat der Belsch.
1940: Den 10. Mee 1940 gëtt dat neutraalt Lëtzebuerg vun der däitscher Arméi iwwerfall. D'Groussherzogin Charlotte an d'Regierung ginn a Frankräich an den Exil.
1944: Den 10. September 1944 gëtt d'Stad Lëtzebuerg vun den Amerikaner befreit.
1952: D'Stad Lëtzebuerg gëtt de provisoresch Sëtz vun der Héijer Autoritéit vun der CECA.
1957: Lëtzebuerg ënnerschreift zesumme mat der Belsch, Holland, Italien, Däitschland a Frankräich d'Réimesch Traitéen, mat deenen d'EWG an d'Euratom geschaaft ginn.
1964: D'Groussherzogin Charlotte dankt zu Gonschte vun hirem Jong Jean of.
1973: Éischt Pëtrolskris duerch déi d'Lëtzebuerger Wirtschaft frontal getraff gëtt.
1981: Déi lescht lëtzebuergesch Minettsminière, déi um Thillebierg, mécht zou.
1984: Lëtzebuergesch gëtt Nationalsprooch. Mat den éischte Sprengstoff-Uschléi op Infrastrukturariichtungen fänkt déi sougenannt Bommeleeëraffär un.