Departement ForêtsD'Departement Forêts (fr.: Département des Forêts), war vum 24. Oktober 1795 bis 1814 e franséischt Departement an der éischter franséischer Republik an duerno am éischte franséische Keeserräich. GeschichtDen Dekreet vun der Convention nationale vum 1. Oktober 1795[1] huet d'Annexioun[2] vun de fréieren éisträicheschen Nidderlanden a vum Prënzbistum Léck proklaméiert. Am Dekreet war d'Opsplécke vum Gebitt an néng Departementer virgesinn, deenen hir Limitten duerch franséisch Kommissäre festzeleeë waren. Den Dekreet huet och nach virgesinn, datt d'Verwaltungsstrukturen op allen Niveaue séier ageriicht sollte ginn: d'Verwaltunge vun den Departementer, d'Verwaltunge vun de Gemengen an d'Geriichter. All d'Beamte sollte konform zur Constitutioun vum Joer III gewielt ginn. De 24. Oktober gëtt den Département des Forêts offiziell ageriicht. En ëntsprécht dem Gros (~ 2/3) vum Herzogtum Lëtzebuerg, dat elo verschwënnt. De Rescht vum fréieren Herzogtum Lëtzebuerg kënnt bei d'Departementer Sambre-et-Meuse (Haaptuert: Namur) an Ourthe (Haaptuert: Léck). Am Weste vum Departement Forêts kënnt e Stéck vum fréieren Herzogtum Bouillon bäi. 1798 kënnt et zum Volleksopstand souwuel an de "germaneschen" wéi och an de "romaneschen" Deeler vum Departement, deen ënner den Numm Klëppelkrich (Guerre des gourdins) an der kollektiver Erënnerung bleift.[3] Den Numm ForêtsEen Ament huet et sou ausgesinn, wéi wann dat Departement Département des Ardennes orientales sollt heeschen. Awer, wéinst de ville Bëscher, déi de gréissten Deel vu sengem Territoire bedeckt hunn, huet sech dach den Numm Forêts duerchgesat. GeographieD'Departement Forêts huet haaptsächlech aus dem gréissten Deel vum deemolegen Herzogtum Lëtzebuerg an engem Deel vum Herzogtum Bouillon bestanen, wat engem groussen Deel vun der haiteger Provënz Lëtzebuerg, dem Groussherzogtum Lëtzebuerg an dem Weste vu Rheinland-Pfalz entsprécht. D'Departement hat eng Fläch vu 6.910,35 km² an et hunn déizäit 246.333 Leit do gewunnt.[4],[5] Eng qualitativ héichwäerteg Kaart vum Département des Forêts fënnt een als Bäilag vum Gilbert Trausch senger Publikatioun La répression du « Klepelkrich ».[3] ËnnerdeelungD'Departement war a 4 Arrondissementer (Verwaltungsbezierker) an 28 Kantonen ënnerdeelt.[6] An all Kanton war ausserdeem e Friddensgeriicht.
Lëscht vun de Prefekten
Kuckt ochLiteratur
Referenzen
Information related to Departement Forêts |