Virun e puer dausend Joer huet d'Musel zum Anzuchsgebitt vun der Meuse gehéiert. En Niewefloss vun der Meurthe déi net wäit dovu gelaf ass, huet awer lues a lues un den Uwännere vun der Musel gefriess, bis déi zwéi Flëss zesummegelaf sinn.
Vun do un ass d'Musel den Haaptfloss ginn, a si ass am Bett vun der Meurthe mat weidergelaf.
Haut gëtt et zu Pagny-sur-Meuse net wäit vun der Plaz, wou fréier d'Musel an d'Meuse gelaf ass, am ale Bett vun der Musel, eng grouss Supp déi e 77 ha grousst Naturschutzgebitt ëmfaasst.
An der franséischer Geologie gëtt dës Verännerung vum Laf vum Floss als Capture de la Moselle bezeechent.
Den Numm Musel geet zeréck op dat kelteschtMosea iwwer d'laténgeschtMosella, dat eng Verklengerungsform vu Mosa, dem laténgeschen Numm vun der Meuse ass, déi zäitweileg parallel dozou gelaf ass. De réimeschen Dichter Ausonius huet hir schonn am 4. Joerhonnert e literarescht Monument gesat (Lëtzebuergesch Iwwersetzung vum Robert Bruch).
A Frankräich gëtt d'Musel den Departementer Moselle a Meurthe-et-Moselle den Numm. Tëscht Metz an Diddenuewen leeft se duerch eng staark industrialiséiert Géigend; knapps virun der Lëtzebuerger Grenz fänkt de Wäibau un.
D'Musel zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn[1].
Wäibau
Zu Lëtzebuerg an an Däitschland ass d'Musel eng wichteg Wäibauregioun. Zu Lëtzebuerg kritt de Wäin, dee vun do kënnt an déi gesetzlech Oploen erfëllt, eng Appelation d'origine contrôlée. An Däitschland zielt se zanter 2006 zum Ubaugebitt vun der Mosel.
D'Musel mécht op der ganzer Längt vu 37,35 km laanscht Lëtzebuerg, als Kondominium d'Grenz mat Däitschland vu Waasserbëlleg bis op den Dräilännereck zu Schengen, an duerno mat Frankräich bis op d'Héicht vun der Grenzmaark FL 241 déi am Süde vum Stroumbierg um lénksen Uwänner vun der Musel steet.
Op deem Deel tëscht Lëtzebuerg a Frankräich ass fir d'Landesgrenz, d'Mëtt vum Floss festgehalen. Op deem Deel laanscht Däitschland sinn d'Landesgrenzen op de respektiven Uwännere festgehalen, an déi ganz Fläch vun der Musel gëtt op där Streck als Kondominium behandelt, deen am Kader vun engem Staatsvertrag tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der Bundesrepublik Däitschland, zu Lëtzebuerg den 19. Dezember 1984 ënnerschriwwe gouf.
Besonnesch Frankräich war drun intresséiert, datt grouss Schëffer d'Musel erop kéinte fueren, well sou déi loutrengesch Industriegebidder iwwer de Rhäin un d'Mier ugebonne wieren. 1956 ass et zu engem Vertrag tëscht den dräi betraffene Länner komm, datt d'Musel sollt kanaliséiert ginn.
1967 war et sou wäit: déi kanaliséiert Musel gouf tëscht Metz a Koblenz als Schëfffaartsstrooss mat 18 Schleise fräiginn. Nieft Penichen, déi Gidder transportéieren, gëtt et och en ettlech Ausfluchsschëffer, déi mat Touristen u Bord tëscht de Wäindierfer hin an hier fueren.
Literatur
Myriam Sunnen, 2008. D'Musel. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 235-240. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporté, éditeurs. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.