En Dräilännereck ass dee geographesche Punkt, wou dräi Grenze vum selwechte Rang an domat och dräi gläichaarteg Territoiren (Staaten, Regiounen,...) openee stoussen.
D'Zuel vun den Dräilännerecken hänkt vun der Zuel vun den Noperen of, ma och dovun, wéi vill Miergrenzen do sinn.
D'Réibaach mécht d'Grenz tëscht der Belsch a Lëtzebuerg. Wéinst dem däitsch-lëtzebuergesche Kondominium gëtt et awer kee feste Punkt am Grenzfloss wou déi dräi Länner uneneestoussen. Theoreetesch läit en an der Mëtt vun der Our.
Wéinst dem däitsch-lëtzebuergesche Kondominium gëtt et awer kee feste Punkt am Grenzfloss wou déi dräi Länner uneneestoussen. Theoreetesch läit en an der Mëtt vun der Musel tëscht der Spëtzt vun der lénkser Ausfaartsmauer vun der Opecher Schleis an dem lëtzebuergeschen Uwänner.
Lëtzebuerger Dräilännerecke fréier (virun 1919)
Déi zwéin Dräilännerecken, déi Lëtzebuerg mat Däitschland huet, gëtt et sou, wéi mer se haut kennen, eréischt zanter 1919: