Departement Moselle

Moselle (57)
Regioun Grand Est
Prefecture Metz
Ënnerprefecture Château-Salins
Forbach
Sarrebourg
Sarreguemines
Diddenuewen
Bevëlkerung 1 044 898 Aw.(2009)
Fläch 6 216 km²
Arrondissementer 6
Kantonen 27
Gemengen 730

D'Departement Moselle (57) ass e franséischt Departement, dat nom Floss Musel (fr.: Moselle) genannt ass.

Geschicht

Wéi déi meescht aner Departementer, gouf d'Musel-Departement de 4. Mäerz 1790 an der Folleg vun der Franséischer Revolutioun gegrënnt. Et ass aus dem nërdlechen Deel vun der deemoleger Provënz Loutrengen ervirgaangen, a seng Grenz gouf bis 1815 e puermol liicht verännert. D'Stied Saarbrécken a Saarlouis hunn zäitweileg dozougehéiert.
Deemools war d'Departement a 4 Arrondissementer ënnerdeelt: Metz (Chef-lieu), Briey, Sarreguemines an Diddenuewen.

Den 18. Mee 1871 huet Däitschland e groussen Deel vum Departement annexéiert. Just dee westlechsten Deel blouf franséisch, a gouf an dat nei geschaft Departement Meurthe-et-Moselle agegliddert.

1919, nom Traité vu Versailles goungen déi loutrengesch Territoiren nees hannescht u Frankräich. Zesumme mat engem Deel vum fréieren Departement Meurthe gouf d'Moselle nees nei als Departement gegrënnt (mat den Arrondissementer Boulay-Moselle, Forbach, Metz, Sarreguemines, Diddenuewen, Château-Salins a Sarrebourg), woubäi d'Ofgrenzung zur Meurthe-et-Moselle dem franséisch-däitsche Grenzverlaf vun 1871 no gemaach gouf.

Am Zweete Weltkrich gouf d'Moselle an de Gau Westmark integréiert, zesumme mam Saarland an der Pfalz. D'amerikanesch Truppen hunn der Occupatioun en Enn gesat, wann och verschidden Uertschaften hu misse bis Mäerz 1945 waarden, bis se befreit goufen.

Geographie

D'Moselle ass en Deel vun der Regioun Grand Est. Et grenzt un d'Departementer Meurthe-et-Moselle a Bas-Rhin, an un Däitschland a Lëtzebuerg.

Méi grouss Stied sinn: Saint-Avold, Creutzwald, Hayange, Hagondange. Duerch d'Departement lafen d'Musel, d'Saar an d'Seille.

Bevëlkerung

D'Awunner gi Mosellan(ne)s genannt.

Awunnerentwécklung
18011872192119361946196819751982199019992007
348 131490 459589 120696 246622 145971 3141 006 3731 007 1891 011 3021 023 4471 039 018

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Departement Moselle – Biller, Videoen oder Audiodateien