De gréissten Deel vum Departement gehéiert zur natierlecher Regioun Brie, op där mat hire fruchtbare Biedem haaptsächlech Kären an Zockerrommele gezillt ginn. Aus der Véizuucht a besonnesch der Mëllechwirtschaft si bekannt Kéiser wéi de Brie an de Coulommiers bekannt. Do wou déi leemeg Biedem net ewechgeschwemmt goufen, fënnt ee schéi Bëscher wéi d'Staatsbëscher vun Armainvilliers, vu Crécy oder vu Jouy. Westlech vu Montereau am Dall vun der Seine leien d'Bëscher vu Fontainebleau déi am Süden an d'Kallekbiedem vum Gâtinais iwwerginn, op deenen haaptsächlech Kären a Fuddermëttele gezillt ginn. Am westlechen Deel nërdlech vun der Marne läit den niddrege Plateau vun der Goële mat senge Sandkoppe mat Bëscher an Hecken. D'Géigend ass bekannt wéinst dem Uebstbau. De Multien tëscht Meaux an dem Valois huet méi räich Biedem op deene Weess a Rommele gezillt ginn. Industriell Aktivitéite fënnt een an de Stied wéi Meaux, Lagny, Coulommiers, Montereau a Melun. D'Departement ass och de gréisste Pëtrolsproduzent am Paräisser Baseng, mat Pëtzer zu Coulommes, Chartrettes a Chailly-en-Bière.
Hydrographie
Ausser der Yerres huet keen nennenswäerte Floss seng Quell am Departement. D'Seine déi am Süde vum Departement op enger Längt vun 106 km vun Osten no Westen derduerch leeft an an déi schliisslech all d'Flëss vum Departement ophëlt ass nieft der Marne déi hire gréissten Niewefloss ass, de gréisste Floss vum Departement. De Petit Morin, d'Ourcq, de Grand Morin sn d'Beuvronne sinn Nieweflëss vun der Marne an den Orvin, d'Voulzie, d'Yonne, de Loing an d'Yerres lafen an d'Seine.