Den de Créqui eruewert d'Stad Lëtzebuerg
De François de Créqui , och dacks Créquy geschriwwen, Marquis de Marines, Proprietär vum Château de Marines , gebuer ëm 1625 , a gestuerwen den 3. Februar 1687 war e franséischen Offizéier a Maréchal de France . Hien ass nach bekannt ënner dem Numm Maréchal de Créqui.
Hie war zu senger Zäit als brillante jonken Offizéier a Krichsmann, ënner der Herrschaft vum Louis XIV. bekannt, an hat sech en Numm a ville Krichszich wärend dem Drëssegjärege Krich gemaach.
Hie war de Bouf vum Charles II. vu Créqui de Blanchefort de Canaples, an de Brudder vum Charles III. vu Créqui .
Zu Lëtzebuerg ass hie bekannt well hien zesumme mam Vauban , d'Festung Lëtzebuerg belagert, an de 4. Juni 1684 , eruewert hat.
An der Kierch Saint-Roch zu Paräis , steet eng Marmerbüst vun him, déi vum Antoine Coysevox sculptéiert gouf.
Um Spaweck